AirPods vun Apple kréien dëst Joer Konkurrenz vun Amazon

© afp
Den neie Produit ass fir déi zweet Halschent vun dësem Joer virgesinn a soll direkt mat Alexa funktionéieren.
Amazon ass am Gaangen déi éischt True Wireless-Kopfhörer vun der Firma virzebereeden. Den e-Commerce-Ris soll fir dat zweet Semester vun dësem Joer déi direkt Konkurrenz fir d'AirPods vun Apple ukënnegen, esou eng Annonce vu Bloomberg no. D'Kopfhörer sollen integral an den Alexa-System integréiert ginn a géifen deemno mam perséinlechen Assistent funktionéieren.
Fir aneschters ze sinn, wëll Amazon eng besser Tounqualitéit an aner Faarwe proposéiere wéi schwaarz a gro. D'Opluede kéint direkt an der Transportkëscht geschéien, wéi dat dacks bei True Wireless-Produiten de Fall ass.
Duerch dës nei Produite wëll dem Jeff Bezos seng Firma d'Welt vun de mobillen Assistenten erueweren. An engem Universum wou iOS mat Siri an Android mat Google Assistant equipéiert sinn, bleift net méi ganz vill Plaz fir Amazon. Dat soll duerch dës Kopfhörer aneschters ginn an esou kéint Alexa och endlech eng méi mobil Carrière proposéiert kréien.
12,5 Millioune Kopfhörer ouni Kabel sinn am leschten Trimester zejoert verkaf ginn, esou de Counterpoint Research Institut. Ronn 60% vun deene waren AirPods. E Maart, deen eréischt am Ufank vu senger Geschicht ass, deen awer eng ganz intressant a villverspriechend Zukunft viru sech huet. De Fait, dass Amazon elo och matmécht, verséchert dem kabellose Kopfhörer e schéint a laangt Liewen.