Internet-Poste just nach mat Handysnummer?

© rawpixel
Zu Wien debattéiert d'Regierung e Gesetzesprojet, deen d'Aktivitéit um Internet radikal ännere soll. D'Auteure solle méi einfach ze identifizéiere sinn.
De Projet soll dëse Méindeg am Kabinett ofgeseent ginn. Déi éisträichesch Regierung mengt et ganz eescht an denkt driwwer no, fir d'Hannerloosse vun enger Telefonsnummer obligatoresch ze maachen, fir weider um Internet Texter posten ze kënnen. Dës Reegel gëllt net nëmme fir sozial Reseauen, mä och fir d'Poste vu Beiträg op Internetforen.
D'Usere solle weider ënner Pseudonymme publizéiere kënnen, allerdéngs gi se intern op all Plattform, wou se aktiv sinn, mat enger Telefonsnummer identifizéiert. Déi gëtt just am Fall vun enger Plainte un déi concernéiert Autoritéite weidergeschéckt, fir esou d'Persoun méi einfach erëmfannen ze kënnen.
Wéi d'Süddeutsche Zeitung ënnerstrach huet, si Foren an aner ëffentlech Plazen um Internet betraff. Wéi zum Beispill de Forum vun der regierungskritescher Zeitung Standard, wou bis zu 40.000 Kommentare pro Dag publizéiert ginn. Haass, Rassismus, Homophobie, Gewaltopriff oder aner Forme vun negativem Behuelen geschéien hei permanent, meeschtens ouni Konsequenz fir d'Auteuren.
Déi Pläng fir eng kontrolléiert Anonymitéit um Internet huet déi rietskonservativ Regierung (ÖVP an FPÖ) de leschten November virgestallt. Hiert Zil léisst sech einfach erklären: Si wëll den Ëmgang mam Internet méi respektvoll maachen. E Fall vun Haass-Messagen un eng Gréng-Politikerin hat viru Kuerzem an Éisträich fir vill Opreegung gesuergt, well d'Victime d'Identitéit vum Auteur vun den Noriichten ëffentlech devoiléiert hat.
Esouwäit misst et net mam potenzielle neie Gesetz kommen, esou eng Moossnam misst scho verschidde Leit bremsen, ier se negativ oder béisaarteg Kommentare publizéiere wëllen.