Et gouf scho laang ugekënnegt, elo ass et esouwäit: déi zwou Marken hunn déi éischt zwee Produiten aus hirer "Symfonisk" Gamme erausbruecht.

E weidere Schratt fir Sonos am Interior Design: déi kalifornesch Firma huet d'Zesummenaarbecht mam schwedesche Miwwelbuttek no méintelaangem Waarde virun e puer Deeg bestätegt. Zanter 2017 gëtt op ee méigleche Partenariat ugedeit, elo ass et offiziell mat enger fonkelneier Gamm vu Produiten, déi dëse Summer soll disponibel sinn.

RTL

2 "Symfonisk"-Produite ginn am Kader vum Salone del Mobile zu Milano en Dënschdeg offiziell presentéiert, allerdéngs hat Ikea schonn e puer Andréck vun de Boxen dës Woch publizéiert, dat, well se fir dës Kooperatioun ee "Red Dot Award" gewonnen hunn.

Eng Dëschluucht an e Regal goufen als Miwwelstécker gewielt, fir d'Boxen ze "verstoppen". D'Tounqualitéit, déi ee vu Sonos kennt, gouf natierlech agebaut, mat engem integréierte Wi-fi System fir Musek ouni Kabel lauschteren ze kënnen. De System kann ee wéi gewinnt mat der Sonos-App steieren.

Déi 2 Produite gi vum August u verkaf. D'Luucht kascht 179 Euro, d'Regal weit ronn 3 Kilo a kascht 99,95 Euro a kann un deene meeschte Kichesystemer vun Ikea festgemaach ginn. Et kann een awer och dee Lautsprecher un d'Mauer befestegen oder ganz normal op een Dësch stellen.