Wann een d'Visualisatioun vun engem schwaarze Lach wollt hunn, huet ee sech bis viru kuerzem missten op Computeranimatioune beruffen.

Et ass fir déi éischte Kéier, dass et Fuerscher gelongen ass, eng richteg Foto vun engem schwaarze Lach ze maachen a gouf e Mëttwoch de Mëtteg 15 Auer eiser Zäit presentéiert . Konkret sinn et Fuerscher vum Projet Event Horizon Telescope (EHT), déi dëst elo fäerdeg bruecht hunn. Dëst kéint eist d'Wëssen iwwert eisen Universum komplett revolutionéieren. Ma wat sinn an sech genee schwaarz Lächer a wat erhofft een sech duerch esou Phänomener u Wësse bäizeléieren?

RTL

Wat ass e schwaarzt Lach?

Schwaarz Lächer entstinn aus Stären, déi, am Verglach mat anere Stären eng héich Mass besëtzen. Wann dës um Enn vun hirer Entwécklung explodéieren (eng sougenannte Supernova), bleift just nach de Kär iwwreg, dee kuerz drop an sech kollabéiert, dat zu engem onendlech klengen an onendlech dichte Punkt. Hei gëtt da reng wëssenschaftlech vun enger Singularitéit. Bei dësem Prozess entsteet dann e Beräich, aus dem weder Matière, nach Luucht fortkomme kann, de sougenannten "Event Horizon".

Wéi grouss kënne sou schwaarz Lächer sinn?

Punkto Gréisst kann ee schwaarz Lächer just mat Hëllef vun hirem "Event Horizon" moossen. Eng weider Variabel fir d'Gréisst vun engem schwaarze Lach festzeleeën ass d'Mass déi se besëtzen. Déi klengste schwaarz Lächer gi primordial schwaarz Lächer genannt. D'Ausdeenung vun dëse Lächer ass net méi grouss wéi en Atom, d'Mass entsprécht awer där vun engem grousse Bierg op der Äerd. Zu de mëttelgrousse Lächer gehéiere Rechter vu Stären, déi dacks e puer mol méi schwéier wéi eis Sonn sinn, mat enger Ausdeenung vun e puer Kilometer. Zum Schluss ginn et dann nach déi sougenannten "supermasseräich" schwaarz Lächer, déi an Zentre vu Galaxie fonnt ginn. Dës Gigante kënnen e puer Milliarde Sonne schwéier sinn a sech iwwert e puer Milliarde Kilometer wäit ausdeenen.

Wann et bis ewell nach keng Foto gouf, wouhier weess een iwwerhaapt dass et schwaarz Lächer ginn?

Schonn am 18. Joerhonnert ass een op d'Iddi komm, dass et Objeten am Universum musse ginn, bei deenen d'Schwéierkraaft esou grouss ass, dass net emol Luucht sech der Unzéiungskraaft kann entzéien. Virun allem dem Albert Einstein seng Relativitéitstheorie huet d'Diskussioun no vir gedriwwen, dat well vun do un schwaarz Lächer souguer konnte mathematesch berechent ginn. E Beweis gouf et dann am Joer 2015: Hei goufen nämlech Gravitatiounswelle gemooss, déi aus enger Kollisioun vun 2 schwaarze Lächer entstane sinn. Hei war du kloer, dass d'Existenz vu schwaarze Lächer net méi unzezweiwelen ass.

Wat mécht dat schwaarzt Lach an eiser Mëllechstrooss esou speziell?

Am Zentrum vun eiser Galaxie, also der Mëllechstrooss, ass e schwaarzt Laach mat enger extrem grousser Mass. Et ass véier Millioune mol sou schwéier wéi eis Sonn. Am Prinzip kéint een den Event Horizon vum schwaarze Lach souguer vun der Äerd aus gesinn, dësen huet nämlech en Ëmfang vun 20 Millioune Kilometer a 26.000 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Dëse Schiet vum schwaarze Lach dierft awer nëmmen indirekt ze gesi sinn.

Wann e schwaarzt Lach keng Luucht ausstraalt an se souguer absorbéiert, wéi kann een et da gesinn?

Dat schwaarz Lach am Zentrum vun eiser Mëllechstrooss zitt mat senger onvirstellbarer Unzéiungskraaft Gasen aus der Ëmgéigend un. Dës Gase kréie beim Unzéien esou eng Vitess drop, dass se enorm vill Energie ofginn. Dëst mécht sech dann als extrem helle liichtende Rank ëm dat schwaarzt Lach bemierkbar. Den Event Horizon setzt sech dann als Silhouette vun dësem helle Rank of.

Wéi gesäit d'Bild vun engem schwaarze Lach aus?

Den Event Horizon vum schwaarze Lach an eiser Mëllechstrooss kéint ronn oder oval sinn. Et kann awer och eventuell sinn, dass d'Form souguer eng ganz aner ass. Dat kéint zum Beispill sinn, wann dat schwaarzt Lach rotéiert oder en Energiestral ausstéisst, respektiv nach anescht, wann den Einstein mat senge Berechnungen dernieft louch.

RTL

© NASA / AFP

Wéini kritt een d'Foto ze gesinn?

D'Fuerscher vum EHT haten d'Foto e Mëttwoch um 15 Auer iwwer Livestream presentéiert. Op 6 Plazen op der Welt ginn Konferenzen zäitgläich gehalen, eng dovunner zu Bréissel.

Wéi funktionéiert dat virtuellt Risenteleskop?

Well dat schwaarzt Lach esou wäit ewech ass, brauch een en enormt Teleskop, fir et siichtbar ze maachen. Dëst Teleskop misst d'Gréisst vun eiser Äerd hunn. Fir dat kënnen ze maachen, gräifen d'Fuerscher op en Trick zeréck. Am ganzen ginn nämlech 8 Teleskopen op de verschiddenste Plazen op der Welt agesat. Dës Biller ginn dann deels mat Hëllef vu Fligeren op 2 Zentrale weidergeschéckt a vun engem Supercomputer zu engem Bild verschafft. D'Opléisung vun den Teleskopen ass esou grouss, dass een ouni Problem en Tennisball um Mount domadder erkenne kann.

Iwwregens wäerten d'Fuerscher och nach en anert schwaarzt Lach an d'Viséier huelen. D'Lach mam Numm Messier 87 gouf am Stärebild Jongfra entdeckt. Dëst Lach ass sou schwéier wéi 7 Milliarde Sonn a katapultéiert en Energiestral dausende Liichtjoren an de Weltall. Den Objet ass ronn 54 Milliounen Liichtjoren vun der Äerd ewech. Dës Fotoen kéinten eventuell eist Verständnis vun eisem ganzen Universum komplett veränneren, respektiv erweideren.