Den Autonomen Auto ass méi lues ënnerwee, wéi erwaart

© afp
De Startschoss an der Bourse zu New York réckelt fir Uber ëmmer méi no, allerdéngs zitt d'Firma am Moment d'Brems vun hirem autonomen Auto.
Reuters huet dës Woch op eng Konferenz zu New York am Kader vun der IPO (initial public offering) vun Uber invitéiert. D'Start-up ass ganz virsiichteg an der Kommunikatioun iwwer d'Fuerschung an Entwécklung vun hirem Auto ouni Chauffeur bliwwen. Eng strategesch Trennung vun de bis elo ganz ambitiéise Message vun der Firma.
Schold drun ass méiglecherweis den déidlechen Accident am Mäerz zejoert zu Tempe am US-Bundesstaat Arizona. Deemools hat een autonomen SUV e Foussgänger iwwersinn an iwwerrannt. Wärend e puer Méint hat Uber hir Aktivitéiten an deem Beräich gebremst. Am Dezember gouf da nees méi aktiv dru geschafft. Reuters behaapt, Uber hätt pro Trimester ronn 200 Milliounen Dollar an den Departement vum autonomen Auto investéiert.
D'Raquel Urtasun, déi wëssenschaftlech Responsabel bei Uber Advanced Technologies Group (ATG) an Direktesch vun der Toronto-Unitéit huet an enger Ried präziséiert, dass "den autonomen Auto een Deel vun eisem Liewe wäert sinn. D'Fro vun der Zäit wou dat tatsächlech geschéie wäert, ass nach onkloer. Et wäert nach ganz laang daueren, fir eng méi breetgefächert a global Entwécklung z'erreechen, mä muer geschitt et sécher net".
Si huet och keng konkret Zuelen vun Autoe uginn, déi Uber gären an hirer Flott hätt. Hirer Meenung no gëtt et an 10 Joer eng Mëschung tëscht den Autoe mat an deenen ouni Chauffeur. 2017 hat d'Firma eng 20.000 autonom Gefierer bis d'Joren 2020-2021 duerch een Accord mat Volvo virgesinn. News doriwwer, goufen et keng.
Scheinbar schéngt Uber sech elo op d'Bourse konzentréieren ze wëllen, wou an den nächsten Deeg net manner wéi 10 Milliarden Dollar u Participatioune verkaf ginn, fir esou eng Valorisatioun tëscht 90 an 100 Milliarden Dollar ze erreechen.