Erfolleg
Space-X-Rakéit bréngt Satellit an den All, a lant nees op der Äerd

D’Rakéit "Falcon Heavy" vun der privater US-amerikanescher Raumfaart-Firma Space-X huet fir eng éischte Kéier mat Succès e kommerzielle Vol absolvéiert.
Vu Cape Canaveral aus, huet d’Rakéit en saudi-arabesche Satellit mat Succès op Orbit bruecht.
Allen 3 Deeler vun der Rakéit sinn dono och mat Succès nees sécher op der Äerd gelant.
Space-X vum Tesla-Grënner Elon Musk, huet et sech jo zur Aufgab gemaach, d'Raumfaart mi bëlleg ze maachen, andeems Rakéiten net just eemol, mä e puer mol kéinte benotzt ginn, andeems dass d’Stécker net vergléien, mä sécher zeréck op d‘Äerd gesteiert ginn.
Am meeschte gelies