Gi mer alleguer fräiwëlleg ofgelauschtert?

© Jordy
Virun e puer Deeg ass bekannt ginn, dass Befeeler, déi Usere mam Alexa deelen, ofgelauschtert an ofgetippt ginn.
D’Opreegung ass grouss: an Däitschland ass d’Thema mëttlerweil zum Politikum ginn, Dateschützer schwätze vun “dubiéise Methoden“ a fuerderen Amazon op, domat opzehalen.
De Fait, datt Amazon-Mataarbechter alles oflauschteren an oftippen, wier net am Respekt vum Dateschutzrecht DSGVO (Datenschutz-Grundverordnung oder op Franséisch Règlement général sur la protection des données RGPD), esou d’Kritik vun der grénger Fraktioun am Bundestag. D'Äntwert vun der däitscher Regierung war kloer: wann een akzeptéiert, déi Produiten a Servicer ze benotzen, wier dat u sech an der Rei.
Ob an deem Kontext och Geheimdéngschter privat Konversatiounen oflauschtere kéinten, gouf net dementéiert awer och net confirméiert. Et fënnt een awer einfach a séier eraus, dass déi Praxis net nëmme bei Amazon zanter Jore leeft, ma och bei Servicer wéi Google oder Microsoft. An dat kann ee ganz einfach noliesen.
Ofschalte geet an deem Fall net, déi Opname ginn nämlech benotzt, fir de Stëmm-Assistent ëmmer méi clever a reaktiv z’entwéckelen. D'Befeeler ginn och meeschtens ausgewäert, fir erauszefannen, wat fir eng Beräicher bei de Leit am wichtegste sinn oder wéi eng Aktiounen d'Assistente besser maache kënnen. D’Mataarbechter vun den Internet-Gigante lauschteren deemno d’Befeeler, fir d’Sproocherkennung ze verbesseren.
Dës Fichiere kënnen awer och heiansdo am Kader vu Prozesser benotzt ginn, wa Beweiser gebraucht ginn. Opname vun engem bestëmmte User an engem bestëmmten Zäitraum kënnen hëllefen, eng Enquête weiderzebréngen. Eleng an Däitschland goufen am éischte Semester zejoert méi wéi 7.000 Demande vun den Autoritéiten u Google geschéckt.
Hei geet et meeschtens méi wäit wéi nëmmen Audio-Befeeler: e-Mailen, geographesch Lokalisatioun oder den Zougrëff op d'Android-Tastatur gi mat den Enquêteuren op Ufro gedeelt. Bis elo gouf Amazon manner gefuerdert, fir sensibel Informatiounen ze deelen, dat kéint sech awer mat hirem Wonsch vu connectéiertem Haus an Zukunft däitlech änneren.