D'EU-Kommissioun hat Google Strofen operluecht, well den Internet-Gigant seng Dominanz um Marché illegal ausgenotzt huet.

Leschte Juli hat d'Kommissioun déi bis elo gréisste Geldstrof vu 4,34 Milliarden Euro géint d'Entreprise verhaangen. Google war zwar net mat der Argumentatioun averstanen, ma huet um Donneschdeg Mesuren ugekënnegt, fir méi an Aklang mam europäesche Konkurrenzrecht ze kommen.

D'EU-Kommissioun hat Google bestrooft, well den Internet-Ris seng Dominanz um Marché ausgenotzt huet, fir aner Entreprisen ze verdrängen. Als Konditioun, fir d'Android-Betribssystem ze notzen, géif Google Handy-Konstrukteure forcéieren, d'Google-Sichmaschinn an de Google Chrome-Browser virz'installéieren. Doriwwer eraus misst d'Google-Sichmaschinn automatesch als Standard-Sichmaschinn programméiert ginn, fir d'Lizenz fir aner Google-Applicatiounen ze kréien. Aner Entreprisen hätten doduerch en onfairen Desavantage. Android gëtt op ronn 80 Prozent vun den Handye weltwäit benotzt.

An Zukunft sollen d'Android-Benotzer an Europa sech tëschent e puer verschiddene Browseren a Betribssystemer decidéiere kënnen. Dat iwwert en Update, deen de "Product management director" vu Google, de Paul Gennai, um Donneschdeg ugekënnegt huet. Nodeems d'Notzer dësen Update erofgelueden hunn, kréie si am App Store zwee Ecrane gewisen, op deene si fënnef Optioune fir Browser, respektiv Sichmaschinnen, erofluede kënnen.

Nieft den Applicatiounen, déi schonn installéiert sinn, géifen déi beléifsten Alternativen ugewise ginn, an enger zoufälleger Reiefolleg. Wann en Notzer sech fir eng aner Sichmaschinn wéi Google entscheet, gëtt en iwwerdeems gefrot, ob dës als Standard-Sichmaschinn um Telefon soll festgeluecht ginn.

An der Rekord-Strof vun der EU-Kommissioun vu leschtem Juli goung et virun allem ëm eng illegal Fërderung vun der Google-Sichmaschinn. D'EU-Kommissioun huet awer och schonn aner Geldstrofe géint Google verhaange wéinst verschiddene Verstéiss géint d'Konkurrenzrecht.