D'Rumeur vun enger Explosioun leeft schonn op héich Touren, SpaceX an Nasa wëllen am Moment net op Detailer agoen.

Et bleift bis elo mysteriéis: wat e Samschden, 20. Abrëll, wärend engem Test vun der "Crew Dragon" Kapsel um Buedem zu Cap Canaveral geschitt ass, gëtt net offiziell matgedeelt.

Dës Kapsel soll amerikanesch Astronauten an de Weltall virum Schluss vun dësem Joer transportéieren.

Gewosst ass, dass een Tëschefall passéiert ass. Ee Pressespriecher vu SpaceX (dem Elon Musk seng Rakéite-Firma) sot, dass "Tester op hirem Site duerchgefouert goufen an dass e Problem wärend der leschter Etapp vun dëser Serie opgetrueden ass".

Detailer ginn et keng, et weess een net ob et eng Explosioun gouf. Weder SpaceX nach Nasa hate wëlles dës Informatioun ze kommentéieren. E Mataarbechter vum Site Florida Today huet eng schwaarz Wollek iwwer Cap Canaveral fotograféiert.

Den Jim Bridenstine, Chef vun der Nasa, huet matgedeelt dass se de Problem gemellt kruten. "Dofir ginn Tester gemaach, esou kënne mir draus léieren an déi néideg Upassunge bréngen, fir dass de Programm vun den kommerzielle Vollen esou sécher wéi méiglech weidergeet", esou de Bridenstine.

Am Mäerz war der Kapsel "Crew Dragon" een erfollegräichen Test ouni Leit u Bord wärend enger Woch gegléckt.

D'Nasa zielt op d'Kapselen "Dragon" vu SpaceX a "Starliner" vu Boeing fir den Transport vun hiren Astronauten a Richtung ISS ze garantéieren. Dësen gouf zanter 2011 vu Russland iwwerholl.