Geschwë keng Likes méi op Instagram?

© nastya_gepp
Eng Versioun vum soziale Reseau wier am Test, wou d'Zuel vun de Likes vun enger Foto verstoppt wier.
Et wier schonn eng kleng Revolutioun, fir all déi Leit, déi op Instagram vill Zäit verbréngen. An d'Zuel vun de User klëmmt ëmmer méi, a leschter Zäit hätt een och eng Migratioun vu Facebook a Richtung Instagram gemierkt.
D'Expertin Jane Manchun Wong huet den Test vum Reseau mat enger Foto op Twitter matgedeelt. Um Bild gesäit een, dass d'Zuel vun de "Likes" (wéi vill Leit e Bild gären hunn), déi normalerweis ënner der Foto ze gesinn ass, verstoppt ginn ass. Den Text weist elo just un, dass d'Bild vun engem User "a vun anere Leit" geliked ginn ass, méi net, ouni déi genee Zuel ze präziséieren. De Proprietär vum Kont wier den Eenzegen, deen d'Méiglechkeet hätt, déi exakt Zuel vu "Likes" ze gesinn.
Keng gutt News fir Influenceren
"Mir wëllen dass är Followers op dat konzentréiert bleiwen, wat publizéiert gëtt an net op d'Zuel vun de Leit, déi eng Foto gären hunn", kann een an der Publikatioun liesen.
Eng Pressespriecherin vum Reseau, déi iwwer den Test gefrot ginn ass, huet refuséiert dës Nouvelle ze kommentéieren. Instagram wier dobäi dee virtuellen "Drock" ze reduzéieren.
Problem: Influenceren, also Leit, déi eng héich Zuel vu Followers hunn an déi reegelméisseg gesponsert Contenue publizéieren, kréien hir Suen op Basis vun de Likes. D'Popularitéit vun hire Fotoen oder Videoen ass wichteg fir nei Kontrakter an zousätzlech Verdéngschter. Wann een déi Zuel net méi géif gesinn, kéint et fir dës Instagram-Stare problematesch ginn. Op der anerer Säit kann ee sech wuel denken, dass de Reseau schonn dofir eng Léisung fonnt huet.
Fir "Creators", also Leit, déi Contenu op eng méi professionell Manéier produzéieren, ginn et méi konkret an detailléiert Zuelen déi een, zum Beispill, u Sponsore schécke kann.