Déi Biller, déi een heiansdo op Dating-Appen ongewollt geschéckt kritt, gi geschwë vun engem Programm erkannt, gefiltert a verstoppt.

Bis elo ass nëmmen eng Plattform vun Appe prett fir dëse System: Hir 4 Appen, fir Leit kennenzeléieren, wëlle méi Respekt tëscht de Useren aféieren.

Dofir soll elo eng kënschtlech Intelligenz agefouert ginn, déi automatesch onerwënschte Biller erkennen a verstoppe soll. Engem Pressespriecher vu Bumble no sinn et meeschtens Männer, déi hir intim Kierperdeeler mat Fraen deelen, ouni dozou opgefuerdert ze ginn.

De System krut den Numm "Private Detector" a gëtt vum Juni un agefouert. Déi Biller ginn net direkt ugewisen, mä mat engem Filter verstoppt. Et kann een drop liesen, dass et sech ëm sensibele Contenu handelt, an et kann een decidéieren, d'Noriicht ze läschen oder awer dach ze kucken.

Gläichzäiteg kann een och direkt de User blockéieren an d'Bild signaléieren, esou dass den Absender eng Warnung vun der App kréie kann.

RTL

Bumble verséchert, dass d'Software bei 98% vun de Fäll hir Missioun perfekt erfëllt. Eng nei Funktioun, déi an zwee Méint och op Appe wéi Badoo, Chappy oder Lumen an den Asaz kënnt. All déi Plattforme gehéieren dem nämmlechte Grupp.

D'Grënnerin vu "Bumble" ass d'Whitney Wolfe-Herd, déi och Tinder matgegrënnt huet, awer d'App verlooss huet, nodeems se hir Kollegen der sexueller Belästegung beschëllegt hat. D'Fra ass immens géint esou obszön Biller engagéiert. Si wënscht sech och e Gesetz, wat esou "intim" Biller op Appen oder aner Plattformen an Texas verbitt - dat ass do, wou Bumble säi Sëtz huet.