Qualcomm kritt 4,7 Milliarden Dollar vun Apple

© afp
De Konflikt tëscht den zwou Marken ass no 2 Joer eriwwer a wäert der amerikanescher Firma hiren Ëmsaz fir dëst Trimester bal verduebelen.
Den Chip-Produzent huet den 1. Mee ugekënnegt, dass den Accord, dee mat Apple am juristesche Sträit fir de Lizenz-Präis ënnerschriwwen gouf, tëscht 4,5 a 4,7 Milliarden Dollar fir dat aktuellt Trimester brénge sollt.
Fir déi éischt 3 Méint vum Joer huet de Grupp een Ëmsaz vu 5 Milliarden Dollar publizéiert. Fir den 2. Trimester, also vun Abrëll bis Juni, missten d'Revenuen tëscht 9,2 an 10,2 Milliarde leien. Bal d'Halschent kënnt aus dësem Accord, a gëtt "vun Apple bezuelt", esou Qualcomm an hirem Trimester-Communiqué.
D'Previsioune gesinn nei Royalties vir, déi vun Apple an anere Firme an Zukunft bezuelt ginn, präziséiert och den Text.
De 16. Abrëll hunn déi zwou Marken no der Ouverture vum Prozess zu San Diego ee Konflikt op een Enn bruecht, deen zanter 2 Joer gedauert hat. Hei goung et ëm de Präis vun de Lizenzen, déi Smartphone-Produzente wéi Apple, fir d'Benotze vum Qualcomm-Modem, bezuelt haten.
Apple no, géif Qualcomm vun hirer duebeler Positioun um Marché profitéieren, als Chip-Produzent an als Brevet-Proprietär, fir riseg Zommen ze verlaangen.
Fir Qualcomm huet Apple vun hirer dominanter Positioun abuséiert an hat de Prozess gemaach, nëmme fir de Präis no ënnen ze negociéieren. Wéi de Sträit ugefaangen hat, gouf et nach keng finanziell Detailer. D'Enn vum Sträit sollt méi defavorabel fir Apple ginn, an domat och nawell deier.