SpaceX confirméiert Zerstéierung vun hirer Kapsel

© afp
Bis elo hate weder d'Nasa nach d'Firma selwer den Tëschefall bei engem Test den 20. Abrëll kommentéiert.
En Donneschdeg war et esouwäit, SpaceX (eng Firma, déi och dem Elon Musk, CEO vun Tesla, gehéiert) huet bestäteg,t dass eng Crew Dragon Kapsel an engem Test den 20. Abrëll zerstéiert gouf. Een Accident dee bis elo nëmmen als "Problem" bezeechent gouf.
Hans Koenigsmann, Vizepresident vu SpaceX, huet en Donneschdeg an enger Pressekonferenz matgedeelt, dass d'Explosioun kuerz virum Start vun de Propellere passéiert ass. Doduercher ass d'Kapsel total zerstéiert ginn.
Hien huet allerdéngs keng Grënn fir d'Explosioun genannt, well d'Enquête am Moment nach leeft. Et gouf kee Mënsch blesséiert.
Crew Dragon soll bis zum Schluss vum Joer ee vun den zwee Taxien fir an de Weltall ze fléien mam Starliner vu Boeing. Déi zwou Kapselen sollen Nasa-Astronauten an déi international Weltraumstatioun (ISS) bréngen. Den éischte Vol mat Leit u Bord war fir de Schluss vun dësem Joer virprogramméiert. Een Test sollt an den nächste Méint organiséiert ginn, fir de Sécherheetssystem vun der Rakéit ze préiwen.
SpaceX muss elo eng nei Kapsel bauen, fir de wichtegen Test iwwerhaapt duerchféieren ze kënnen. Dës Explosioun stellt also den Timing a Fro mam Zil, nach dëst Joer amerikanesch Astronauten an de Weltall ze schécken.
Den Hans Koenigsmann huet zouginn, dass et keng gutt Noriicht fir de Kalenner wier, mä dass se alles maache wäerten, fir déi Zäit nees zréckzekréien. Dëse Freideg soll eng SpaceX-Rakéit mat enger Cargo-Versioun vun der Kapsel a Richtung ISS fléien.