D’Lëtzebuerger Entreprise Luxspace baut den Ament un engem Satellit, deen an der Schëfffaart soll agesat ginn.

Am Weltall si Satellitte ganz anere Konditiounen ausgesat wéi hei op der Äerd. Den Ament gëtt de Satellit "Esail" vun der Lëtzebuerger Entreprise Luxspace am Spacecenter zu Léck ënner Konditioune wéi am Weltall getest.

AUDIO: Luxspace zu Léck - Reportage Pierre Weimerskirch

Zu Betzder gëtt et nieft der SES nach aner Entreprisen déi am Weltraumsecteur schaffen. Eng dovun ass Luxspace. Si bauen zanter 2006 Satellitten zu Lëtzebuerg an ee vun dësen ass den Ament zu Léck, fir verschidden Tester ze duerchlafen. Satellitte mussen esou konzipéiert sinn, datt se och ënnert de Konditioune wéi se am Weltall existéiere fonctionnéieren. Déi lescht Deeg gouf zu Léck de Satellit ënner Konditioune wéi se am Weltall existéiere getest. Mat engem Vibratiounstest gëtt de Lancement vun der Rakéit simuléiert. Och de Vide an d’Temperaturschwankungen am All ginn nogestallt.