Google Maps weist wéi eng Platen am meeschte Succès hunn

© afp
Den online Kaarte-Service fänkt un, Platen an Telleren ze weisen, déi an de verschiddenen Etablissementer am heefegste bestallt ginn.
Dës speziell Versioun vun der App proposéiert eng nei Funktioun "populär Platen", déi d'Restaurante betrëfft, déi schonn mat der neier Optioun "Menü" equipéiert sinn.
Zwou Persounen, déi den Test vum Service maachen, hu scho Biller op Twitter publizéiert. D'Telleren, déi hei ausgewielt goufen, sinn déi Fotoen mat enger Beschreiwung, déi am meeschte gedeelt gi sinn. E gutt Zeechen anscheinend fir erauszefannen, wat d'Leit meeschtens bestellen.
Esou kritt een eng Informatioun méi, sech fir e bestëmmte Restaurant entscheeden ze kënnen.
Ee Bild gëtt automatesch vum System erausgepickt, fir de populäerste Plat mat sengem Numm ze illustréieren. Wann een drop klickt, kënnt een op nach méi Fotoen a Meenunge vun de Leit. De Public ka selwer Fotoen online setzen an esou säi Liiblingsplat mat der Welt deelen. Fotoe vun engem Plat ouni weider Erklärung kann een dann och selwer beschrëften.
Esou proposéiert Google nees e weidere Service, dee ganz vun den Usere verschafft gëtt. Crowdsourcing ass eng participativ Manéier, Iddien a Contenuen op eng gemeinsam Manéier ze kréien, ouni iergendeen dofir astellen ze mussen. Hei ginn d'Originalitéit, d'Kreativitéit an d'Motivatioun vun enger grousser Zuel vu Leit amplaz benotzt.
Google organiséiert d'nächst Woch eng Konferenz fir Entwéckler, hei kéinte méi Detailer iwwert den neie Service matgedeelt ginn.