Erneierbar Energie
Photovoltaik gëtt zu Lëtzebuerg ëmmer méi wichteg
Erneierbar Energie zu Lëtzebuerg
Bis 2020 sollen 11% vum Stroum zu Lëtzebuerg aus erneierbaren Energie kommen. D'Photovoltaik spillt genee aus deem Grond bei eis eng ëmmer méi grouss Roll.
Bis 2020 sollen 11% vum Stroum zu Lëtzebuerg aus erneierbaren Energie kommen. D'Photovoltaik spillt genee aus deem Grond bei eis eng ëmmer méi grouss Roll.
Wéi effikass ass d'Technologie den Ament?
Bal 7.000 Photovoltaik-Zentrale waren am Joer 2017 zu Lëtzebuerg installéiert. Deemools koumen eréischt 19% vum erneierbare Stroum zu Lëtzebuerg vun der Sonn. Ma do ass een elo awer schonns wäit driwwer.
D'Aspeis-Tariffer, dat heescht déi Suen, déi ee kritt, fir säi produzéierte Stroum nees an dat lokaalt Netz ze setzen, solle fir d'nächst Joer em 10-20 Prozent an d'Luucht goen. Dëst soll dem Energie-Minister no weider Leit motivéieren, fir Solarplacken z'installéieren.
Am meeschte gelies