Eng Nier gouf vun enger Dron an engem Testfluch transportéiert. E neie Wee fir Stau ze evitéieren an d'Zäit ze reduzéieren fir Liewen ze retten.

Dronen ginn ëmmer méi dacks fir ënnerschiddlech Zwecker benotzt. Dës Maschinn gouf fir en extrem wichtege Pak programméiert: eng ofgekillte Nier déi fir eng Transplantatioun muss dréngend transportéiert ginn.

Den 19. Abrëll war et endlech esouwäit zu Baltimore an den USA. D'Dron huet missen eng Distanz vu 4 Kilometer duerch den Himmel vun der Stad bis an d'Universitéitsklinik vum Maryland fléien. An den USA komme 4 Prozent vun den Organer mat enger Verspéidung vu bis zu zwou Stonnen un, well d'Gefier, wat se bruecht hat, am Stau stoung.

Et ass net déi éischte Kéier dass esou ee séieren Transfert duerch d'Loft gegléckt ass. Am Ruanda ginn zanter méi wéi 3 Joer Medikamenter an aner liewenswichteg Produiten mat Dronen transportéiert. Dat afrikanescht Land ass e Pionéier am Domän.

Iwwert eng spezialiséierter Basis aus, ginn Tute mat Blutt bruecht an esou 21 verschidde Spideeler an der Géigend beliwwert. Dëse neie Transportmëttel ass e wichtegen Deel vun der ëffentlecher Gesondheet am Land wou Ambulanzen dacks vill ze laang ënnerwee sinn fir Mëttelen ze liwweren.

Mat den Dronen, déi elo schonn eng Zäitchen am Asaz sinn, ginn 30 Minutten duer fir déi wichteg Produiten ze liwweren. Aner afrikanesch Staaten wéi Senegal oder Ghana sinn och aktuell am Gaangen dës nei Transportméiglechkeet ze testen.