Um Schluss vun der "Build"-Konferenz huet Microsoft eng nei Versioun vum traditionelle Spill Minecraft gewisen, mat engem klengen Twist.

An engem Video vu manner wéi enger Minutt huet Microsoft op d'Zukunft vu Minecraft virwëtzeg gemaach. Wann een dem Contenu vun der Presentatioun gleewe kann, wäert dat Konstruktiouns-Spill mat erweiderter Realitéit weiderentwéckelt ginn.

Esou kënnen déi virtuell Bléck am richtege Liewen existéieren. Zum Schluss vum Video gëtt een Datum ageblent, de 17. Mee. Deen Dag gëtt d'Spill offiziell lancéiert, fir säin 10. Gebuertsdag ze feieren.

D'Experte schwätze scho vun engem neie Pokemon Go-Phänomen, nodeems si de Video gekuckt hunn. Dat Spill mat erhéichter Realitéit vun der Firma Niantic hat all Rekorder gebrach a ganz vill Entwéckler hu scho vun esou engem Resultat gedreemt.

D'Plattform vu Minecraft huet ganz vill Potenzial a kéint sech och ouni Problem am klenge Marché vun dëser virtueller Realitéit an der richteger Welt wuel fillen. Dat neit Spill Minecraft AR (augmented reality) kritt awer eng ganz staark Konkurrenz vum neien Niantic-Spill Harry Potter : Wizards Unite. Och hei gëtt op ee weidere Succès à la Pokemon Go gehofft.