Den neie Brëll mat virtueller Realitéit vu Facebook
De soziale Reseau gleeft un dës Technologie fir de grousse Public a bréngt dëse Mount nach säi neie Brëll eraus, ouni Kabel.
Déi meescht VR (virtuell Realitéit) Brëller musse nach un e Computer mat Kabelen a Sensoren ugeschloss sinn, wat net immens praktesch ass. Et kann een se och mat engem Smartphone benotzen, mä do sinn d'Performancen éischter limitéiert. D'Firma Oculus, déi 2014 vu Facebook opkaaft gouf, huet bei der Entwécklung vun hire Brëller ëmmer nees probéiert, fir Autonomie mat Stäerkt ze koppelen. Kabele goufe fir den neien "Oculus Quest" komplett ewechgeholl, ouni Impakt op d'Performance vum Apparat.
Den neie Modell, deen den 21. Mee fir ronn 450 Euro erauskënnt, schafft an enger totaler Autonomie. Et muss een hei näischt uschléissen, d'Installatioun ass ganz einfach an déi éischt Tester schwätze vun engem ganz agreabele Gebrauch. De "Quest"-Modell ass méi staark wéi säi Virgänger den "Oculus Go", dee schonn ouni Kabele geschafft hat. Dës Kéier ginn et zwou Manetten amplaz vun enger, fir d'Animatioun mat den Hänn ze kontrolléieren.
Am neie Modell gëtt et och eng Optioun fir eng "virtuell Spill-Zone" ze definéieren, fir a Sécherheet a senger Stuff spillen ze kënnen ouni alles futti ze maachen. Wann de Spiller aus dëser Zone sollt erausgoen, ginn hei schrëftlech Warnungen ugewisen.
D'Opléisung ass hei nach ëmmer de Schwaachpunkt vum neie VR-Brëll: 1600x1440 pro A, wat fir verschidden Experten net genuch ass. Fir verschidde Leit kann d'Benotze vun esou engem Apparat krank maachen, et soll een wéi ëmmer dës Produiten mat Mooss a Verstand benotzen.
Am Moment ass dës Technologie nach am Gaangen hir Plaz an der Gesellschaft ze sichen. Facebook gleeft drun: zum Beispill kann een op déi sozialen Netzwierker iwwer de Brëll kommen. Natierlech ginn ëmmer méi Spiller an deem Format proposéiert, och wann d'VR méi Sënn a professionelle Beräicher vun der Formatioun oder vun der Gesondheet mécht.