D'FCC huet dëst matgedeelt, mat der Erklärung, datt "China Mobile USA" e seriöe Risiko fir déi national Sécherheet wier.

Dofir hat d'FCC, also den amerikanesche Regulateur vum Secteur vun der Telekommunikatioun, sech mat den US-Geheimdéngschter, dem Departement fir Commerce ofgeschwat an d'Ufro vu "China Mobile USA", sech als Telekommunikatiouns-Ubidder um amerikanesche Marché z'installéieren, ofgewisen. D'FCC huet dann och präziséiert, datt et déi éischte Kéier an hirer Geschicht ass, datt si engem Operateur aus Sécherheetsgrënn verbueden hunn, fir um amerikaneschen Terrain hire Geschäfter nozegoen.

Den US-Autoritéite mécht et Suergen, datt China Mobile USA vun de chineseschen Autoritéite kontrolléiert gëtt. D'Demande vu China Mobile gouf schonn 2011 eragereecht.

Et ass awer net déi éischte Kéier, datt an den USA eng grouss chinesesch Telekommunikatiounsfirma ausgeschloss gouf. Huawei krut ënner anerem net d'Rechter, fir an den USA de 5G-Reseau opzebauen. Donieft kënnt och nach, datt d'USA a China aktuell vill iwwert hiren Handel diskutéieren, nodeem den Donald Trump d'Importtaxen op de chinesesche Produiten op iwwer 200 Milliarden Dollar eropgesat huet.