An der amerikanescher Zeitung huet den Chris Hughes eng Tribün geschriwwen. Seng Wieder si ganz anescht wéi fein géintiwwer de soziale Reseau.

En Donneschdeg 9. Mee huet ee Matgrënner vum weltwäit gréisste soziale Reseau vun der Welt ee perséinlechen Artikel an der New York Times geschriwwen. Hie rifft d'Welt op, Facebook auserneenzebréngen, de Reseau, deen hie mam Mark Zuckerberg viru 15 Joer zu Harvard opgebaut hat.

De Chris Hughes mengt, dass de Pouvoir, deen de Zuckerberg mëttlerweil huet, nach ni esou staark war an anti-amerikanesch ass. De Hughes hat 2007 d'Firma verlooss.

De soziale Reseau zielt ronn zwou Milliarden User op der Welt an huet aner Plattforme wéi WhatsApp an Instagram opkaaft. Wann hien op dës Zuele kuckt, mécht sech de Chris Hughes "Suergen", virun Allem no all de Skandaler, déi d'Sécherheet vun der Privatsphär an de perséinlechen Donnéeën a Fro stellen.

A sengem Artikel schreift hien, dass hie rosen ass an och "deelweis responsabel". De Mark wier eng gutt a léif Persoun, mä d'Entwécklung vum Reseau hätt grouss Deeler vun der Sécherheet vernoléissegt, esou nach de Chris Hughes. Senger Meenung no missten d'Regierungen hien als Responsabel fir dës problematesch Situatioun halen.

Fir hie misst een de ganze Buttek ganz einfach zoumaachen.

Visitt zu Paräis

De Chef vu Facebook, Marc Zuckerberg, gëtt iwwerdeem um Freideg zu Paräis vum franséische President Emmanuel Macron empfaangen. Wärend de Gespréicher am Elysée geet et no Donnéeë vum Konzern ëm de Kampf géint den Haass am Internet. Déi franséisch Regierung huet dem Parlament an dem Kontext ee Gesetzestext virgeluecht. Deemno soll d'Bedreiwer vun Online-Servicer Opruff zum Haass bannent 24 Stonnen no enger Reklamatioun läschen. Dat selwecht gëllt och fir Diskriminéierung opgrond vu Rass, Relioun, Geschlecht, sexueller Orientatioun oder Behënnerung. Den Emmanuel Macron hat sou ee Gesetz no enger Serie vun antisemiteschen Tëschefäll annoncéiert. Facebook war an der lescht och wéinst Sécherheetspanne wat d'Donnéeë vu User betraff hunn, an d'Kritik geroden.