Kierchbierg
ICT-Spring: Kontakter knäppen, sech informéieren a mateneen diskutéieren
ICT-Spring um Kierchbierg
D'ICT-Spring ass zënter 9 Joer e wichtegen Technologie-Rendezvous, deen och an den internationale Kalenneren net méi ewechzedenken ass.
D'ICT-Spring ass zënter 9 Joer e wichtegen Technologie-Rendezvous, deen och an den internationale Kalenneren net méi ewechzedenken ass.
Am Konferenz-Zenter um Kierchbierg sinn dëser Deeg nees eng Hellewull Acteuren aus dem digitale Beräich present, fir ze informéieren, ze diskutéieren a Kontakter ze knëppen.
ICT Spring Europe (21.5.19)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
De Kamel Amroune vum Organisateur „Farvest“ erkläert, datt et en Evenement fir dat ganzt Land ass, andeem 75 verschidden Nationalitéite liewen an an deem och Startups aus der ganzer Welt eng Heemecht fonnt hunn.
Méi ewéi 5.000 Visiteure gi sech erwaart. E Mëttwoch de Moien hunn iwwregens 80 Lycéesschüler zesumme mam Educatiounsminister Claude Meisch en Tour iwwer d'ICT-Spring gemaach.
Am meeschte gelies