Plus 52%
Amazon ass virun Apple a Google fir d'éischt “wäertvollst Mark vun der Welt”

Den amerikaneschen Online-Händler Amazon ass déi weltwäit wäertvollst Mark. Amazon huet domat den US Internet-Gigant Google um Troun ofgeléist.
De Wäert vun Amazon ass ëm 52% op 315 Milliarden Dollar geklommen.
Dat geet aus enger rezenter Analys vum Fuerschungsinstitut Kantar ervir, deen déi 100 wichtegst Marken ënnert d'Lupp geholl huet.
D'lescht Joer louch Amazon nach op der drëtter Plaz, déi Kéier kënnt Google op dës Positioun. Apple huet op en neits seng zweet Plaz am Ranking verdeedegt.
Am meeschte gelies