No Date-Skandal
US-Autoritéite veruerteele Facebook zu Strof vu 5 Milliarden Dollar

© AFP
Facebook muss no den Dateschutz-Skandaler vun de leschte Joren eng Rekordzomm vu fënnef Milliarden Dollar bezuelen.
Dëst fir Ermëttlunge vun den US-Autoritéiten een Enn ze setzen. Der FTC (Federal Trade Commission) no setze si zudeem och weider Oplagen duerch.
Ënnert anerem soll et beim Verwaltungsrot vum Online-Netzwierk een zousätzleche Gremium zur Dateschutz-Opsicht ginn.
Fir Facebook misst d'Strof vu 5 Milliarden Dollar liicht ze verdroe sinn.
Am meeschte gelies