Am Kampf géint d'Desinformatioun huet Facebook viru Kuerzem matgedeelt, dass Publikatioune vu Politiker net direkt vum "Fact Checking" betraff sinn.

De weltwäit gréisste soziale Reseau huet e reegelrechte Kräizzuch gestart, fir d'Vertraue vun de Leit nees zeréckzegewannen. De Kampf géint d'Manipulatioun vun de Meenungen an d'Verbreede vu falschen Informatioune géing awer net jidderee betreffen.

En Dënschdeg huet et vu Facebook geheescht, dass d'Deklaratioune vu politesche Responsabelen net systematesch iwwerpréift géinge ginn. De sougenannte "Fact Checking" soll dubiéis Informatiounen analyséieren a kontrolléieren, fir erauszefannen, ob se wierklech stëmmen.

Den Nick Clegg, Direkter vun ëffentlechen Affäre bei Facebook, erkläert an engem Communiqué, dass si sech net am politeschen Debat amësche wëllen: "Et wier net ubruecht, als Schiidsriichter do ze stoen, an ze verhënneren, dass engem Politiker säin Discours u säi Public weidergeleet gëtt". Am Kloertext heescht dat, dass original Contenuen, déi vun engem Politiker verëffentlecht goufen, net u Facebook-Partner geschéckt ginn, fir analyséiert ze ginn. Hien huet och ënnerstrach, dass eng Kollaboratioun mat Presseorganer lancéiert gëtt, fir Artikelen, Videoen oder aner Publikatiounen z'iwwerpréiwen, déi am Verdacht stinn, falsch Informatiounen ze verbreeden.

Wann awer e Politiker Videoen, Fotoen, Linken oder Texter deelt, déi virdru schonn als "Fake News" aklasséiert goufen, ginn déi iwwerpréiften Informatioune vu Journalisten ugewisen, an déi falsch Contenue gi blockéiert.