Bis elo war dës Aufgab nëmme méiglech, wann esou een Déier dout op enger Plage erëmfonnt gouf.

Fuerscher hunn elo eng nei Manéier, fir mat Hëllef vu Fotoen aus der Loft d'Mass vun engem Wal kënnen auszerechnen. Dës ganz präzis Fotoe gi vun Drone geholl an an enger zweeter Phas am Detail analyséiert.

D'Kierper-Mass vum gréissten Déier op der Welt ass wichteg, fir d'Iwwerliewe vun engem Wal an enger Grupp. Well hei de Gebrauch vun Energie, de Besoin un Ernierung an de Wuesstem-Rhythmus vun dëser Zuel ofhänken.

Allerdéngs waren dës Detailer nëmmen aus der aler Literatur bekannt, duerch Déieren, déi dout op enger Plage fonnt goufen oder déi an engem Netz gefaange waren.

"Et wier ganz schwéier, esou een imposant Déier mat Hëllef vun enger Wo ze weien, ouni et ëmzebréngen", esou de Fuerscher Fredrik Christiansen vum Aarhus Institute of Advanced Studies an Dänemark. Genee dat wéilten se, esou vill wéi méiglech, evitéieren.

Am Viséier vun dëser Etüd wier de "Südkaper", eng Aart aus der Famill vun de "Glattwalen", déi sech an hirem wanterleche Fortplanzung-Zyklus net wäit vun den argentinescher Küst befannen.

Eng Dron ass iwwer eng Grupp vu Wale geflunn, wéi d'Déieren a klorem Waasser geschwomme sinn, fir eng besser Qualitéit vun de Biller ze garantéieren. Dee Moment, wann d'Erwuessener an hir Kanner nees eropschwammen, fir frësch Loft ze ootmen, wier perfekt, fir hire Kierper am Beschten ze gesinn. Esou konnten och Fotoe vun hirem Réck a vun hirer Säit geholl ginn, wéi si sech am Waasser gerullt hunn.

Impressionnant 3D-Modeller konnten duerch dës nei Technologie entstoen, déi een op dëser Säit ukucke kann.

86 Déiere goufen am Detail analyséiert mat Längt, Breet an och Héicht. Duerch Informatiounen, déi d'Fuerscher schonn an ale Bicher gesammelt haten, konnten dës Donnéeën och a Kierper-Mass a Volume ëmgerechent ginn. Et wier ee wichtege Schratt, fir d'Fuerschung vun hirer Entwécklung a vun den Ännerungen an hirem Liewen.

Drone kéinten eng kostbar Hëllef an der Conservatioun vun de Walen duerstellen, andeems se méi reegelméisseg iwwerwaacht kéinte ginn. Mat Hëllef vun dësen Zuele kéinten d'Donnéeën och fir aner Déieren, déi am Waasser liewen, benotzt ginn.