Den US-amerikanesche President huet Lizenzen ënnerschriwwen, déi d'Kooperatioun mat China nees erméigleche soll. En Zeeche vu "guddem Wëllen", heescht et.

Dës speziell Geneemegunge goufe kuerz virun engem wichtege kommerziellen Treffen tëscht den USA a China ugekënnegt. Vum 15. Oktober u sollen nämlech chinesesch Produiten an Amerika méi besteiert ginn. Mat dësem Treffen erhoffe sech d'Negociateuren, datt Export-Produiten aus China net weider imposéiert ginn.

Dem Wall Street Journal no hätt dat Wäisst Haus d'Autorisatiounen erausginn, fir datt verschidden US-Firme weiderhi Business mam chinesesche Smartphone-Constructeur Huawei maache kënnen. Eng nei Chance fir Huawei, wann den Deal keng Gefor fir déi national Sécherheet vun den USA representéiere géing. Een amerikanesche Representant hat am Virfeld scho matgedeelt, datt Huawei-Lizenzen an aner Konzessiounen, wéi de Verkaf vu landwirtschaftleche Produiten, am Accord kéinte festgeluecht ginn.

Duerch e méiglechen Deal mat den USA kéint Huawei nees op Android- an aner Google-Servicer fir de Mate 30 zeréckgräifen. Den neiste Smartphone vun Huawei, dee leschte Mount virgestallt gouf, riskéiert den Ament exklusiv a China verkaf ze ginn. Eng Pressekonferenz vu der chinesescher Firma ass fir de 17. Oktober virgesinn.