D'Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD) huet eng nei Steier entwéckelt, déi vum G20 nach muss ugeholl ginn.

D'OECD huet nämlech proposéiert, datt d'Länner Firme kéinte besteieren, déi op hirem Buedem e kommerzielle Benefice maachen, ouni, datt si hire Siège do hunn. Zil vun dëser Mesure ass et, d'Internet-Rise Google, Amazon, Facebook an Apple do ze besteieren, wou se Sue verdéngen.

De Pascal Saint-Amans, Direkter vum politeschen Zenter a vun der fiskaler Administratioun bei der OECD, betount, datt et hei ëm Steier-Justiz geet: "D'Reegelen an der fiskaler Welt sinn déi selwecht zanter engem Joerhonnert, woubäi de Business komplett aneschters ass wéi fréier."

Am Moment ass et esou, datt, wann eng Firma, déi hire Sëtz an Irland huet an ee kommerzielle Benefice an Däitschland mécht, si nëmmen an Irland besteiert gëtt, wou d'Steiere méi niddreg sinn.

En Expert mengt, datt all déi grouss Staate mat dëser Propose op der Gewënner-Säit géinge stoen, allerdéngs kéint et fir e sougenannte "Steierparadäis" vill manner intressant sinn. De Virschlag vun der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung géif awer net virun 2021 a Kraaft trieden, wann e vun de G20-Memberen akzeptéiert gëtt.