Zanter 2017 war déi englesch Firma am Gaangen, ee Prototyp ze testen, allerdéngs koum en Donneschdeg d'Noriicht, dass de Projet net géif weiderlafen.

Et kënnt also keen Elektroauto vun Dyson op d'Stroossen. De britesche Produzent huet de Schluss vun dëser Entwécklung annoncéiert, wat gläichzäiteg d'Konkurrenz vun Tesla an aneren Autosmarken reduzéiert.

Dës iwwerraschend Nouvelle kënnt nodeems ëmmerhin 2,5 Milliarde Pond an eng Ekipp vu 500 Ingenieuren a Spezialisten an d'Iddi investéiert goufen.

RTL

© dyson

D'Firma huet erkläert, dass een "fantasteschen Auto" zesummegebaut gouf, allerdéngs war d'Gefier kommerziell net rentabel. Den James Dyson, Grënner vun der Grupp, huet ënnerstrach, dass den Echec vum Konzept net d'Schold vun de Leit ass an dass se alleguer eng Plaz bei den aneren Aktivitéite vun Dyson fanne wäerten.

De Projet, deen d'lescht Joer nach een Investissement vun 200 Millioune Pond fir ee Circuit a fir Recherche an Entwécklung krut, war nach bis viru Kuerzem gutt am Gaangen. Prototyppe goufen esouguer gebaut a getest.

Déi Fabricken a Groussbritannien an zu Singapur, wou d'Produktioun vum Auto geschéie sollt, wäerten awer zoumaachen. D'Suen, déi an dëse Projet investéiert goufen, sinn awer net komplett verluer, well d'Technologien, déi an dësem Kader entwéckelt goufen, fir aner Apparater vun der Mark wäerte benotzt ginn.

Déi éischt Unitéite sollten dem éischte Plang no nächst Joer op de Maart kommen.