Ëmmer méi Rumeuren zirkuléiere ronderëm een iPhone SE 2 fir 2020. Ee Spezialist vun Apple huet leschte Weekend méi Detailer ginn.

De Ming-Chi Kuo, deen normalerweis ëmmer Recht huet, wat déi kalifornesch Firma an hire Produiten ugeet, huet sech déi lescht Deeg intensiv mam neien iPhone SE2 auserneegesat. Senger Meenung no kéint den neie Smartphone 2020 erauskommen.

Hien huet esouguer News iwwer de Präis publizéiert, et wier de bëllegsten iPhone vun Apple bis elo mat engem Ufankspräis vun 399 Dollar. Et war deemools och de Präis vum éischten SE, wéi en erauskoum.

Dem chinesesche Spezialist no kéim de potentiellen neien SE2 mat engem Späicher vu 64 oder 128 Go an dräi Faarwe wieren och virgesinn: rout, gro oder sëlwer. En hätt déi selwecht Linn wéi den aktuellen iPhone 8, allerdéngs mat der materieller Struktur ronderëm de Prozesser A13 an 3Go Memoire. Esou kéint den neien Apparat och iOS13 ënnerstëtzen.

Hei gëtt och spekuléiert, dass den 3D Touch ënner dem Ecran verschwanne soll, eng logesch Decisioun am aktuellen Design vun Apple.

Lauter Donnéeën, déi een natierlech mat Virsiicht genéisse soll, Apple huet bis elo dozou nach kee Kommentar gemaach.