Grouss Tech-Nimm ënnerstëtzen d'Paräisser Ofkommes

© afp
Tesla, Microsoft, IBM, Adobe, Apple oder Google ënnerschreiwen eng Deklaratioun, déi se verflicht, den internationalen Traité ze respektéieren.
Silicon Valley huet de Kampf géint d'Äerderwiermung net opginn, an dat obwuel déi amerikanesch Regierung sech vum Klima-Pakt distanzéiere wëll. D'USA ginn awer zu Madrid vun der Diplomatin Nancy Pelosi representéiert, déi e Méindeg gesot huet, dass "d'Amerikaner nach ëmmer do sinn".
Als Beweis wëllen d'Ginni Rometty vun IBM, den Tim Cook vun Apple, den Elon Musk vun Tesla, de Satya Nadella vu Microsoft, de Sundar Pichai vu Google oder och nach den Shantanu Narayen vun Adobe dës Deklaratioun dës Woch ënnerschreiwen. De Labor Union ass fir d'Paräisser Ofkommes iwwer de Klima. Si fuerderen d'USA op dat Selwecht ze maachen, dat nodeems sech hiert Land sech offiziell leschte Mount zréckgezunn huet.
Déi Deklaratioun gëtt vun 80 Cheffen ënnerschriwwen, déi zesumme ronn 2 Millioune Leit an Amerika beschäftegen. Den Tim Cook huet och op Twitter ënnerstrach dass "d'Mënschheet nach ni enger gréisser Menace ausgesat wier, wéi d'Äerderwiermung".
Aner grouss Nimm vun der amerikanescher Industrie si mat dobäi wéi The Walt Disney Company, HP, PepsiCo, Ralph Lauren, Hilton, Bank of America oder och nach The Coca-Cola Company. Zesumme representéieren se méi wéi 12,5 Millioune Leit, déi a verschidde Beräicher déi aner Säit vum Atlantik schaffen a vill Drock op dem Trump seng Regierung wëllen ausüben.