Eng Ära geet op en Enn, soen d'Analysten
D'Grënner vu Google zéie sech zréck

Sergey Brin a Larry Page / © AFP
Virun 21 Joer hunn de Larry Page an de Sergey Brin, deemools zwee Stanford-Studenten, Google gegrënnt, déi warscheinlech wichtegsten Entrepris am Internet.
Elo huet sech de Larry Page als CEO beim Mammekonzern Alphabet zréck gezunn, de Sergey Brin zitt sech aus dem Management zréck. Si behalen awer hir Plazen am Verwaltungsrot. De Page an de Brin behalen och gréisstendeels d'Kontroll beim Internet-Konzern, iwwer speziell Aktien mat méi Stëmmrecht.
De Sundar Pichai, deen aus ganz einfache Verhältnisser aus Indien kënnt, gëtt elo Chef bei Alphabet. Hie war et scho bei Google.

Am meeschte gelies