D'App passt sech och dem Wanter un

Negativ Temperaturen, Schnéi, glat Stroossen... Waze huet decidéiert, sech op déi wanterlech Konditioune virzebereeden.
Déi participativ Navi-App huet eng nei Funktioun agefouert, fir den Automobiliste matzedeelen, wann eng Strooss zougeschneit ass a wa Streedéngschter ënnerwee sinn.
Waze huet also och seng Wanterpneue montéiert, fir senge Millioune User uechter d'Welt nach besser déngen ze kënnen. Eng nei Präventioun, fir erauszefannen, ob eng Strooss befuerbar ass, oder net.
Esou kënnen Automobilisten der Waze-Gemeinschaft matdeelen, wann déi éischt Schnéiflacke op enger gewësser Strooss gefall sinn. Esou sinn déi nächst Chauffere gewarnt a kënnen entweder een anere Wee fueren, oder schonn hir Vitess an hire Fuerstil upassen. Esou Wiederwarnunge goufen et schonn op der App, allerdéngs nëmmen am Fall vu Reen oder Glatäis.
De Navi-Service geet nach méi wäit, andeems net nëmmen de Schnéi gemellt gëtt, awer och d'Streedéngschter, wa se bis laanscht waren oder am Gaange sinn ze schaffen. Eng zousätzlech Info fir all déi Leit, déi am concernéierte Raum fuere mussen.
Informatiounen, déi fir déi meescht User absolut net intressant sinn. An awer beweisen déi Responsabel vun der App mat dëser neier Funktioun, dass se un all d'Aspekter vun der Sécherheet op de Stroossen denken.