Op Silvester goufen iwwer 50% manner SMSe verschéckt wéi 2021
D'Leit benotzen ëmmer méi de mobillen Internet, fir sech iwwert d'Feierdeeg per Smartphone ze wënschen. D'Zuel vun den SMSe geet dowéinst staark zeréck.
E Freideg an e Samschdeg goufe knapp 380.000 SMSe geschéckt, dat ass eng Baisse vu méi wéi 50 Prozent am Verglach mam Joer virdrun. Dat mellt d'Post e Sonndeg an engem Communiqué. A just als Verglach: 2018 goufen ëmmerhin nach bal annerhallef Milliounen SMSe verschéckt fir Silvester an Neijoerschdag. Dat mécht de Gros vun de Leit also an Tëschenzäit iwwert de mobillen Internet.E Freideg an e Samschdeg goufen 165 Terabyte Daten ausgetosch, dat sinn 21 Prozent méi wéi dat Joer virdrun.
Schreiwes
Passage au Nouvel An | Nombre de SMS envoyés sur le réseau mobile POST | Volume de données échangées sur le réseau mobile POST |
2022 | 379.300 | 165 To |
2021 | 831.700 | 136 To |
2020 | 1,11 millions | 95.8 To |
2019 | 1,29 millions | 62.2 To |
2018 | 1,49 millions | 50.2 To |