Dat genee 30 Deeg nodeems en op Chrëschtdag zejoert eropgeschoss gouf. 1,5 Millioune Kilometer vun der Äerd ewech gouf e positionéiert.

De gemeinsame Projet vun der NASA, der ESA a Kanada, deen ëmmerhin bal 9 Milliarden € kascht huet, gëtt an den nächste Méint elo ausgeriicht a soll dann Erkenntnisser liwweren, iwwert déi fréi Zäit nom Urknall viru ronn 13,8 Milliarde Joren.