Recommandatioune vum CNPD fir de Schutz vun Donnéeën am Internet
Am Kader vum internationalen Dag vum Dateschutz gëtt d'Lëtzebuerger Dateschutzkommissioun Tipps eraus, wéi een op seng perséinlech Donnéeë kann oppassen.
Wann een zum Beispill e Konto bei engem sozialen Netzwierk opmaache wëll oder awer och eng Clientskaart an engem Buttek, soll ee just déi Informatiounen erausginn, déi onbedéngt néideg sinn. Et soll een d'Sécherheets- an Dateschutzastellungen am A halen, d'Dateschutzerklärunge liesen éier ee se acceptéiert, sécher Passwierder a verschidden E-mail-Adresse benotzen oder och e Pseudonym benotzen. D'Dateschutzkommissioun mécht dann och drop opmierksam, datt een ni soll perséinlech Informatiounen oder Fotoe vun anere Leit soll verëffentlechen, ouni déi Persoun virdrun ze froen.
Um Site vun der Lëtzebuerger Dateschutzkommissioun kann een all Recommandatiounen noliesen.