Nordkorea huet trotz internationale Sanktiounen e Sonndeg eng Mëttelstreckerakéit getest. D'Rakéit wier 800 Kilometer wäit geflunn, heescht et vu Südkorea.

Et ass dee gréissten Test zanter 2017. De südkoreanesche President Moon Jae-In reprochéiert Pjöngjang domadder géint UNO-Resolutiounen an e selwer operluechte Moratoire ze verstoussen.

2017 hat Nordkorea eng Rakéit vum Typ Hwasong-12 getest, déi 787 Kilometer wäit geflu war an eng Héicht vun 2.111 Kilometer erreecht huet. Deemools waren Experte vun enger maximaler Reechwäit vu 4.500 Kilometer ausgaangen - woumat eng Attack op d'US-Aussegebitt Guam am Westpazifik méiglech gewiescht wier.

De Rakéitentest e Sonndeg war schonn dee siwenten an dësem Joer. Fir d'Lescht hat Nordkorea 2019 esou vill Waffe getest, nodeems d'Negociatiounen tëscht dem Kim Jong Un an dem deemolegen US-President Donald Trump gescheitert waren. Zanterdeem besteet keng gutt Kommunikatioun tëscht béide Länner.