En zolitte Coup fir d'Mammenhaus vum sozialen Netzwierk Facebook: D'Aktië vu Meta hunn en Donneschdeg e Véierels vun hirem Wäert verluer.

Fir Meta war et ee Verloscht vun 220 Milliarden Dollar. Fir den Index Nasdaq 100 war et dee gréisste prozentualen Dagesverloscht zanter September 2020. Facebook huet am leschten Trimester eng éischte Kéier User verluer, Zuel vun den deeglech aktiven Notzer geet zeréck. Dat geet aus dem Rapport ervir, deen zum Wäertverloscht gefouert huet. Besonnesch d'Applikatioun TikTok mécht Facebook staark Konkurrenz.