Facebook an Instagram geschwë Passé an Europa?

© AFP Archivbild
De Facebook-Bedreiwer Meta huet eng éischte Kéier konkret Aussoe gemaach, Facebook an déi kleng Duechter Instagram an Europa komplett ze stoppen.
De Grond sinn d'Dateschutz-Reegelen an der EU, déi et der Firma schwéier maachen, hire Business an Europa auszeüben. Dat hat Meta an hirem Joresbericht un d'US-Bourssenopsiichtsagence SEC geschriwwen.
"Wa mir net an der Lag sinn, d'Daten tëscht de Länner a Regiounen, an deene mir aktiv sinn, z'iwwerdroen, ze verschaffen an/oder z'ëmfänken [...] kéint dëst eis Moyenen affektéieren, eis Servicer unzebidden", sou Meta. Dat géif sech negativ op d'Finanzresultat vum Konzern auswierken.
Konkret geet et ëm den Austausch vu Userdaten tëscht de Servere vun der Firma an der EU an deenen an den USA. Dëst ass an der Dateschutz-Grondversuergung (DSGVO), am sougenannten "EU-US-Privacy Shield" gereegelt, deen am Juli 2020 vum Europäesche Geriichtshaff fir net valabel erkläert ginn ass.
Deemno dierfe persounebezunnen Daten net méi ouni eng Iwwerpréiwung an d'USA iwwermëttelt ginn. Geklot hat dowéinst den éisträicheschen Dateschützer Max Schrems. An der Klo hat et geheescht, dass Facebook seng Daten an Irland un de Mammekonzern an den USA weiderleet, obschonn dëst net uerdentlech géint Spionage-Aktioune geséchert wieren.
Sollt keen "neutrale Kader fir den Datentransfert" decidéiert ginn, wier de Konzern net an der Lag, eng "Rei vun hire wichtege Produiten a Servicer, an dat heescht och Facebook an Instagram, an Europa unzebidden", sou Meta an hirem Rapport.
An d'Iwwerleeunge kommen och net vun ongeféier. Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht vu Facebook, dass e Réckgang bei de User notéiert gouf. D'Zuel vun den deeglechen aktive Membere ass bannent 3 Méint ëm ronn eng Millioun zeréckgaangen. Meta hat no der Verëffentlechung vun hire Quartalszuelen d'lescht Woch op ee Coup ronn ee Véierels vu sengem Wäert verluer. Wéi Bloomberg gemellt hat, war et e Rekord-Verloscht.