"So mer, wien s du wierklech bass" heescht de Comic, deen am Kader vum Safer Internet Day 2022 den 8. Februar publizéiert gëtt.

Am Internet laueren och grad fir Jonker vill Geforen, deene si sech guer net bewosst sinn. Dëst Joer stinn de "Sexting", wa Jonker sech explizitt an intim Fotoe schécken, déi dono anerwäerts weider gedeelt ginn, an de "Grooming", wann Erwuessener Jonker dovunner iwwerzeegen, hinnen esou Biller ze schécken oder "sexuell Faveuren" ze maachen. Béides sinn nei Versioune vu sexuellem Mëssbrauch, déi ee mat der Entwécklung vun den neien Technologien ëmmer méi opkomme gesäit.

Fir dorobber opmierksam ze maachen, gëtt hei zu Lëtzebuerg de Comic "So mer, wien s du wierklech bass" publizéiert, datt op Däitsch an op Franséisch. Et ass eng Suitte vum Comic "Schéck mer eng Foto", dee fir de Jugendpräis nominéiert gouf.

RTL

© ECPAT Luxembourg