Fir 5 Dollar de Mount
Twitter-Blue-Abonnente kënnen Tweets elo nodréiglech editéieren

No enger erfollegräicher Testphas kënne verschidden Utilisateuren, déi fir hiren Account bezuelen, an Zukunft hir Tweets editéieren.
Aktuell gëtt dat elo mol méiglech an Australien, Kanada an Neiséiland. Bis zu 5 mol kann en Tweet bannent 30 Minutten no der Verëffentlechung nach verännert ginn.
D'Testphas ass Ufank September lassgaangen a gutt verlaf. An noer Zukunft soll déi Funktioun och an den USA fräigeschalt ginn.
Am meeschte gelies