SpaceX
Start vun enger Falcon-9-Rakéit verréckelt

D'Crew huet dat Ganzt zwou Minutte virum geplangte Lancement ofgebrach, well et e Problem mat elektronesche Systemer gouf.
Esou d'Erklärung vun der Space-Autoritéit NASA.
D'Rakéit vun der Raumfaart-Entreprise SpaceX vum Multimilliardär Elon Musk sollt vum Kennedy Space Center a Florida aus an den All geschoss ginn.
Dräi Astronauten an ee Kosmonaut sollen en halleft Joer op der internationaler Raumstatioun ISS stationéiert ginn.
Am meeschte gelies