SpaceX-Crew kuerz virun der ISS nach eng Kéier ausgebremst

© AFP/CHANDAN KHANNA
En Donneschdeg war eng Falcon-9-Rakéit vu SpaceX a Richtung International Raumstatioun opgebrach. Trotz techneschem Feeler ass d'Crew antëscht ukomm.
Wéi een an engem Livestream vun der NASA nokucke konnt, huet d'"SpaceX Dragon Crew 6"-Missioun mat der Ekipp mat den zwee US-Amerikaner Stephen Bowen a Warren Hoburg, déi fir d'NASA schaffen, dem Russ Andrey Fedyaev an dem Emirater Sultan al-Neyadi e Freideg un der ISS ugedockt.
Do virdrun ass d'Rakéit eng Zäit laang ronn 20 Meter vun der Statioun ewech geschwieft, bis e Softwarefeeler behuewe war. Géint 7.40 Auer Mëtteleuropäescher Zäit huet d'Crew mat liichter Verspéidung den éischte Kontakt hiergestallt. D'Ekipp wäert sechs Méint op der Statioun sinn, wou si SpaceX no méi wéi 200 wëssenschaftlech Experimenter an technologesch Demonstratioune maache wäert.
Den 41 Joer alen al-Neyadi ass dee véierten Astronaut aus engem arabesche Land an den zweeten aus de Vereenegten Arabeschen Emirater. Den Andrey Fedyaev ass deen zweete russesche Kosmonaut, dee mat enger SpaceX-Rakéit op d'International Raumstatioun flitt. D'NASA-Astronaute fléie reegelméisseg mat russesche Sojus-Rakéiten op d'Statioun.
Zanter der russescher Invasioun an d'Ukrain ass de Weltall eng vun de rare Plazen, wou d'Kooperatioun tëscht Russland an den USA weidergefouert gëtt.

Vu lénks no riets: Andrey Fedyaev, Sultan al-Neyadi, Stephen Bowen a Warren Hoburg. / © GETTY IMAGES/AFP/JOE RAEDLE