Internet am Fliger an um Croisièresschëff
D‘SES huet een neie Satellit-System deen Daten och op Antennen iwwerdroe kann, déi den Internet an d‘Fligeren oder d‘Croisière-Schëffer bréngt.
O3B mPower, esou heescht deen neie System a besteet aus insgesamt 11 Satellitten. Dës Satellitte fléien um sougenannte MEO-Orbit. Dat ass de mëttelsten Äerd-Orbit, ronn 8.000 km vun eisem Globus ewech. Déi Satellitten, déi zum Beispill Tëlees-Signaler iwwerdroen, kreesen op 36.000 km, an dat an der selwechter Geschwindegkeet wéi d’Rotatioun vun eisem Planéit, esou dass se ëmmer op déi selwecht Plaz stralen.
Op der MEO-Bunn dogéint fléien d’Satellitte méi séier ronderëm, esou muss dee ganze System stänneg iwwerwaacht ginn, fir an enger perfekter Synchronitéit ze sinn.
Huet deen alleréischte Satellit vun der SES, den Astra 1a nëmme 16 Tëlees Programmer iwwerdroen, esou kann een O3B mPower Satellit direkt 3.000 eenzel Strale senden, déi sech och nach beweege kënnen, fir esou ee Fliger oder ee Schëff ze tracken an ëmmer dat beschte Signal zur Verfügung ze stellen.
Um Buedem sinn dofir 2 Antennen néideg, déi de Satellitten um Himmel nofueren. Wann ee Satellit hannert dem Horizont verschwënnt, kann déi zweet Schossel ouni Ënnerbriechung op deem nächste Satellit weiderfueren.
De 16. Dezember sinn déi zwee éischt vun den am Ganzen 11 Satellitte vun der Konstellatioun vu Florida aus an den All geschoss ginn. 6 Stéck brauch et, fir de System un d'Lafen ze kréien, wat Enn vun dësem Joer esou wäit soll sinn, wann déi 4 nächst bis eropgeschoss ginn. Méi wéi 70 Satellitten zielt dann herno déi ganz Flott vun der SES, déi zum gréissten Deel vu Betzder aus geflu ginn, wéi se am Jargon soen.
Den O3B mPower, riicht sech un éischter Linn u Business-Clienten, dat fir den Datentrafic op Fligeren, Croisière-Schëffer, Uelegplattformen ze erméiglechen, awer och, fir grouss Bandbreeten op ofgeleeë Plaze wéi an Afrika zum Beispill ze bréngen. Och héich securiséiert Connectioune fir staatlech Institutiounen si méiglech. Awer och de Private ka spéider indirekt vun dësem neie Satellitte-System profitéieren, wann ee séier d’Fotoe vun der Croisière wëll posten, oder beim Transatlantik-Fluch stänneg connectéiert bleift an och net méi gefrot gëtt: „Could you please switch off your phone during landing and take-off“.