Microsoft test den Ament eng nei kënschtlech Intelligenz. Dës gëtt aktuell bei 20 ausgewielte Geschäftsclienten agesat.

D'KI mat der Bezeechnung "Cp-Pilot" soll d'Aarbecht um Büro méi liicht maachen. Esou soll ee verschidden Aarbechte mat sproochleche Befeeler kënnen ausgefouert ginn.
Word kéint engem dann zum Beispill Saachen ëmschreiwen oder besser formuléieren. Powerpoint géif eng Presentatioun  op Basis vum Word-Dokument maachen. Outloook géif engem resuméieren, wat ee verpasst huet wärend een net op der Aarbecht war an Teams kéint engem den Inhalt vu Meetinge resuméieren.