Gemaach hat dësen de Motorola-Ingenieur Martin Cooper, deen engem Kolleeg ugeruff huet.

"Hi, Joel" waren déi éischt zwee Wierder, déi vun engem mobillen Telefon aus geschwat goufen. "Ech ruffen dech vun engem Mobiltelefon aus un. E richtege Mobiltelefon. E perséinleche Mobiltelefon, deen een droe kann", erzielt de Martin Cooper. De Kolleeg op der anerer Säit wier esou paff gewiescht, datt hien am Ufank emol guer näischt konnt soen.

Den 3. Abrëll ass dësen Uruff 50 Joer hier. Gemaach hat de Motorola-Ingenieur dëst historescht Telefonat an der 6th Avenue am Häerz vun New York. Säin Team hat fir deen Dag eng Pressekonferenz fir d'Presentatioun vum éischte Mobiltelefon annoncéiert, hat de Cooper an engem Interview virun de puer Joer erzielt. Wéi hien do stoung, hat e Journalist de Ingenieur ugeschwat an dëse wollt dem Mann eng "Demonstratioun" bidden an huet de Kolleeg ugeruff.

Kuckt ee sech haut awer dat revolutionäert Gerät aus dem Joer 1973 un a vergläicht et mat eise modernen Handyen, esou ass den DynaTAC e richteg Monstrum: En hat e Gewiicht vu ronn engem Kilo a war zesumme mat der Antenn ronn 25 Zentimeter héich. Virdeel vum DynaTAC war deemools, datt et an den USA schonn eng Infrastruktur fir mobil Geräter gouf, dat fir d'Autostelefonen.

De Cooper a seng Ekipp haten d'Technik vum Autostelefon an e Gerät, wat ee bei sech konnt hunn, gepaakt. A Serie produzéiert gouf den DynaTAC awer eréischt zéng Joer méi spéit. 1983 koum d'Versioun 8.000 Mol op de Maart, wat ee fir ronn 4.000 US-Dollar ze kafe krut. Haut wieren dat ëmgerechent ronn 10.000 Dollar. Fir dee stolze Präis krut een en Telefon mat engem Akku geliwwert, dee ganzer 30 Minutt Lafzäit hat. Bei deem Präis-Leeschtungs-Verhältnis wonnert et da wéineg, datt den DynaTAC 8000x net de grousse Verkafsschlager gouf.