Mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz gëtt et ëmmer méi einfach Fotoen, Videoen an Audioen ze manipuléieren oder komplett nei ze erfannen.

Eng Foto vum Poopst an enger wäisser Daunejackett hat rezent den Tour am Internet gemaach. Eng Kënschtlech Intelligenz (KI) hat hei, op Nofro vun enger Persoun, eng Foto vum Poopst geholl an dësem en decke wäisse Parker ugedoen.

D'KI ass mëttlerweil esou fortschrëttlech, dass d'Foto op den éischte Bléck reell ausgesäit. Fotoen, Audioen a Videoen, déi mat Hëllef vun Kënschtlecher Intelligenz manipuléiert ginn a realistesch wierken, ginn och Deepfakes genannt. Dat kann natierlech och zu enger Gefor ginn. Et kurséieren esou schonn vill falsch Informatiounen a manipuléiert Biller a Videoen am Internet. Deepfakes an d'Kënschtlech Intelligenz loossen d'Grenz tëscht richteg a falsch just nach méi aneneen verschwammen.

Loosst Dir Iech vun Deepfakes täuschen?
Maacht mat bei eisem Quiz an test, wéi gutt Dir reell Biller vun Deepfakes ënnerscheede kënnt.