Fusioun tëscht SES an Intelsat am Gespréich

© RTL Archiv
Am internationale Satellitte-Geschäft rumouert et, an et gëtt sech nei opgestallt. Notamment och fir beim Elon Musk sengem Starlink-Projet matzehalen.
Ënnert anerem géif et eng reegelrecht Course gi fir de Weltall-baséierten Internet, ebe via Satellitten.
D'SES huet e Mëttwoch effektiv confirméiert, dass Fusiounsgespréicher mat der US-amerikanescher Firma Intelsat géife lafen. Deemno steet en Zesummeschloss an der Héicht vun 10 Milliarden Dollar am Raum. Nach wier awer näischt an dréchenen Dicher, wéi et aus Verhandlungskreesser heescht.
Bei der SES ass iwwerdeem de Lëtzebuerger Staat mat 33 Prozent vun de Parten de gréissten Aktionär.
Intelsat bedreift mëttlerweil méi wéi 50 geo-stationär Satellitten.
Viru véier Méint gouf am Secteur schonn d'Fusioun tëscht zwee brittesch-amerikanesche Satellittebedreiwer offiziell. Inmar-Sat a Via-Sat sinn déi weltwäit gréisst Bedreiwer vu geo-stationäre Satellitten an de Wäert vun hirer Entreprise beleeft sech op iwwer 7 Milliarden.