An Italien ass ChatGPT, also den Chatbot, deen op kënschtlecher Intelligenz baséiert, elo verbuede ginn.

Den US-Operateur OpenAI dierft d'Donnéeë vun italieeneschen Internet-Notzer nëmmen nach ganz limitéiert benotzen. Dat well OpenAI sech net un d'Dateschutzreegele gehalen hätt. Déi italieenesch Autoritéite kritiséieren iwwerdeems, dass OpenAI keng legal Basis dofir huet, esou vill perséinlech Donnéeën ze sammelen an ze späicheren. Derbäi kéim, dass et keng Jugendschutz-Mesurë géif ginn.