Grouss Online-Plattforme wéi TikTok, Google oder Facebook sollen hir User an Europa an Zukunft informéieren, wa KI-Texter oder Biller ze gesi sinn.

D'EU-Kommissioun huet an deem Hibléck e Méindeg zu Bréissel e Label gefuerdert. Fir normal User misst kloer z'erkenne sinn: "Hei schreift/schwätzt grad e Roboter", sou d'EU-Vizekommissiounspresidentin Vera Jourova. Dëst soll elo mol op fräiwëlleger Basis fir Firme sinn.

D'Internetplattforme sollen d'Produktiounen duerch Kënschtlech Intelligenz esou kennzeechnen, dass den normalen Notzer erkenne kann, dass et sech net ëm Contenue handelt, dee vun echte Mënsche produzéiert gouf. D'Vera Jourova huet un d'Firmen appelléiert, e Verhalenskodex géint Desinformatioun, dee virun engem Joer ënnerschriwwe gouf, deementspriechend z'ergänzen. Dat wier méi séier, d'EU-Reegelen zu KI wier nämlech nach am Gesetzgebungsprozess.

Twitter gëllt als Negativbeispill zu Bréissel. De Verhalenskodex, dee vu 44 Leit ënnerschriwwe gouf, gouf nees gekënnegt. Den Tesla-Grënner Elon Musk, deen de Konzern iwwerholl huet, huet sech deemno fir eng "Konfrontatioun" decidéiert, betount d'Vera Jourova. Si sot och, dass d'EU-Kommissioun d'Behuele vun Twitter vun elo u méi genee wëll iwwerwaachen.